Lexikon

 

 

„äddi a merci“:

Typesche, Lëtzebuerger Ofschidsgrouss

„a soss?“:

Ganz gebräichlech Floskel, déi gär zum Asaz kënnt, wann een sech am Fong näischt ze soen huet.

„gromperekichelchen“:

D’Gromper ass ouni Zweiwel dat léifste Geméis vun de Lëtzebuerger. Fréier war si en typescht Aarm-Leit-Iessen, déi der dacks ganz armer Bevölkerung um Land d’Iwwerliewe garantéiert hat.

Si gëtt an der Lëtzebuerger Kiche vill benotzt, zum Beispill als „gromperkichelchen“

Op Kirmessen a Mäert gëtt et bal ëmmer e Stand, dee „gromperekichelcher“ hierstellt a verkeeft. E Rezept fir „gromperekichelcher“ fannt Der hei: Gromperekichelchen

„kachkéis“:

D’Lëtzebuerger hunn déi Kéis ganz gär, an zwar an alle Variatiounen. De „kachkéis“ ass net ganz sou fein wéi vill franséisch Kéiser, mee e schmaacht gutt a mécht sat. En ass virun allem och dowéinst sou beléift, well en sech sou gutt schmiere léisst. Well de „kachkéis“ schmaacht am beschten um Brout.

Déi Lëtzebuerger Versioun vum „Superman“, de Superjhemp“, ësst amplaz Spinat ëmmer eng Dous „kachkéis“, fir datt en seng Superkraaft entwéckelt, mat där e Lëtzebuerg regelméisseg virum Ënnergank rett.

„klibber mech“:

An der Karwoch ginn d’Kanner mat der „Klibber“ duerch d’Dierfer an ersetzen sou d’Kiercheklacken, déi fir ze beichten op Roum geflu sinn. D’Verb dofir ass „klibberen“. Wann also eng Persoun „klibber mech“ seet, dat freet se näischt aneschters wéi „geklibbert“ ze ginn.

„kuff d’schmull“:

Dest ass en Ausdrock aus dem „Jéineschen“, engem Dialekt, dee fréier zu Lëtzebuerg vun deene Leit geschwat gouf, déi op der Rull waren. „Jéinesch“ ass haut bal ausgestuerwen.

Vill Wierder an Ausdréck goufen awer an déi Lëtzebuerger Standard-Sprooch iwwerholl, sou wéi „Moss“ fir en attraktivt Meedchen, oder „Klont“ fir eng Prostituéiert.

Och “kuff d’schmull” ass haut en am lëtzebuergeschen ganz dacks gebrauchten Aussproch.

„minettsdapp“:

De Pilier fir de Lëtzebuerger Wuelstand war d’Eisenäerz, dat am Süde vum Land laanscht d’franséisch Grenz ze fannen ass.

Nodeems et Enn vum 19. Joerhonnert mat der industrieller Produktioun vum Eise lassgaange war, gouf Lëtzebuerg ee vun de gréisste Produzente vu Stol weltwäit. Den Eisenäerz heescht op franséisch „minette“. Op Lëtzebuergesch ass en „Dapp“ e Kolleeg, een, deen d’Häerz um richtege Fleck huet.

Déi duerch d’Aarbechterkultur geprägte Leit am Süde vum Grand-Duché ginn duerfir als „minettsdapp“ bezeechent. Si hunn de Ruff, ganz oppen an direkt ze sinn, an hir Meenung riicht eraus ze soen („Vun der Long op d’Zong“).

„quetschen och“:

D’Lëtzebuerger si ganz imaginativ, wann et drëms geet, fir originell Ausdréck z’erfannen. Mat der Quetsch huet de Sproch näischt ze dinn.

„rieslingspaschtéit“:

D’Lëtzebuerger iesse gär a gutt. Net nëmmen déi defteg, mä och déi méi fein Kichen huet hir Plaz. D’Rieslingspaschtéit ass en traditionelle lëtzebuerger Plat, deen d’Noperschaft mat Frankräich weist. Well do goufe viru ronn 1000 Joer déi éischt Paschtéite gemaach.

D’Rieslingspaschtéit besteet aus häerzegem Schwéngefleesch an engem Mierfdeeg. D’Fleesch gëtt fir d’éischt marinéiert, ënner anerem mat Riesling vun der Lëtzebuerger Musel.

„tockskapp“:

Léiw gemengten Aussproch fir Mënschen, déi e bësse méi laang brauchen, fir ze follegen oder eng Saach anzegesinn. Gëtt dacks fir bockeg Kanner gebraucht.

„nondikass“:

D’Lëtzebuerger fluche gär a vill. De populärste Fluch ass ëmmer nach „nondikass“. Iwwert d’Originë ginn et verschidden Theorien. Am wahrscheinlechsten ass, datt „nondikass“ vum franséische „nom de dieu“ (lëtzebuergesch: „nondidjeu“) hirkënnt. Well vill kathoulesch Lëtzebuerger awer net den Herrgott wollte beleidegen, hunn se amplaz vun „dieu“ d’Wuert „kass“ gebraucht.

„vum lämmes gebass“:

Bezeechnung fir eng Persoun, déi op eemol duerchdréint. Kann och mat „topeg“ oder „géckeg“ iwwersat ginn.

„vun hippches op haapches“:

Dat Wesentlecht aus dem Bléck verléieren, vum eegentleche Sujet ewechkommen, sech ze vill mat onwichtegen Detailer ofginn.

„huddel a fatz“:

Mat „Huddel“ gouf fréier eng dreckeg Lomp bezeechent, déi zesumme mat der „Fatz“ gebraucht gouf, fir propper ze maachen. Herno huet sech den Ausdrock „huddel a fatz“ agebiergert fir Saachen, déi futti sinn. Wann ee mam Auto bäigeet, ass et nach gutt gaangen, wann herno just de Won „huddel a fatz“ ass. D’Bezeechnung gëtt awer och gebraucht fir Leit, déi eng gehalen hunn an duerno net méi ganz gutt sinn.

„wat e gedeessems“:

E bësse méi eng frëndlech Aart a Weis fir ze soen: Féier keng sou op! De Sproch gëtt gär vu Maanskärelen an der Diskussioun mat Frae gebraucht. Well déi maachen – hirer Meenung no – vill ze vill Gedeessems em vill ze vill Saachen.

„kéisecker“:

Pickegt Déier.

„et war net keen“:

E Saz, deen am Zesummenhank mat der Bommeleeër-Affär berühmt gouf.

„egal wat“:

Wann ee wëllt kloerstellen, datt een net d’accord ass.

„wat gelift?“:

Entweder héiert een net gutt a freet no, oder et ass een iwwerrascht an dréckt sou säin Erstaunen aus.

„oh vreck“:

Net ganz feinen Ausdrock, deen Iwwerraschung oder Schock ausdréckt.

„rennscheier“:

Bezeechnung fir eng Persoun, déi permanent op der Rull ass.

„krunneméck“:

Ass am Fong en Insekt, mee dësen Ausdrock bezeechent an der Regel eng Persoun, déi permanent um Comptoire hänkt an ze vill drénkt.

“tutebatti”:

Een, dee gär de Mond grouss oprapt.

“dajee”:

Eng liicht genervt Opfuerderung, fir endlich virun ze maachen.

“dajee alt”:

Wann et da muss sinn. Gëtt dacks als Äntwert op „dajee” benotzt.

“virëtztut”:

Am Fong gëtt domat eng Tut mat Zockerboune bezeechent, an déier eppes Klénges verstoppt ass. Eng „Virwëtztut“ nennt een awer och eng virwëtzeg Persoun.

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmst du der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen