Wëllkomm bei „äddi & merci“, dem lëtzebuergesche Label fir cool T-Shirten.
A ville Länner gëtt et d’Traditioun, fir T-Shirte mat originelle Spréch ze bedrécken. Och Nimm vu Stied stinn dacks als eng Zort Lokalpatriotismus op T-Shirten.
Am Joer 2009 hu sech véier Frënn décidéiert, fir dës Iddi och zu Lëtzebuerg ze verwierklechen. Si hunn doropshin de Label „äddi & merci“ gegrënnt.
Eisen Team besteet aus Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger, ass also genee sou international wéi d’Land. D’Schrëft op den T-Shirte gouf vum Lëtzebuerger Designbüro „VidaleGloesener“ kreéiert.
Op den T-Shirte spigelen sech déi regional Particularitéite vum Grand-Duché („minettsdapp“), déi sproochlech Besonneschkeeten („klibber mech“) grad sou wéi déi kulinaresch Traditiounen („gromperekichelchen“) erëm.

Eis T-Shirte si vun de Firme Continental Clothing an Stanyley and Stella. Si verschafft nëmme qualitativ héichwäertege Kotteng. Et ginn och nëmmen déi bescht Naturstoffer selectionéiert. E groussen Deel vun eisen T-Shirte wéi och eis Posche ginn aus Bio-Kotteng produzéiert. No an no wëlle mer op 100 Prozent Bio-Kotteng ëmklammen. D’T-Shirte ginn ausserdem ënner faire Bedingunge produzéiert.
Souwuel Continental Clothing wéi och Stanley and Stella si Member vun der Fair Wear Foundation (FWF), déi d’Aarbechtskonditioune bei de Produzente regelméisseg iwwerpréift.
- Fair Wear Foundation (englesch)
Ausserdeem entspriechen d’T-Shirte vu Continental Clothing dem héijen ekologesche Standard vum Öko-Tex-Standard 100. Dëse Label garantéiert, datt bei der Produktioun keng gesondheetsschiedlech Chemikalien oder Substanze benotzt ginn.
Méi Informatiounen iwwert de Label Öko-Tex-Standard 100 fannt Der hei:
Eis Kanner-T-Shirten an eis Posche stame vun der Marque Earth Positive, enger Produktlinn vu Continental Clothing, déi bei der Produktioun vun den Textilien e besonnesche Wäert op d’Respektéiere vu biologeschen an ethesche Standarde leet. D’Kanner-T-Shirte sinn zu 100 % aus biologeschem Kotteng hirgestallt. Méi Informatiounen iwwert d’Philosophie vun Earth Positive fannt Der hei
Du kannst die besten online HTML, CSS und JavaScript Tools an einem Ort finden. Online-Editoren, Code-Optimierer und vieles mehr.
